| GRĖNNUNG |
Ier mär awer schaffe konnten hu mär fir d'éischt misse gegrėnnt gin. Dat ass op eiser Grėnnungsversammlung den 17. März 2000 am Beckshaus zu Zolwer geschitt.(Fotoen) |
| KAPWEIDEN |
Kapweiden entstinn an dems Weiden regelmässeg op eng Heich vun circa 2 Meter ofgeschnidde (gekäpt) gin. Fréier sin dės Ruten profitéiert gin fir Kierf ze flechten. Haut gin dės Ruten nėt méi profitéiert, kėnnen awer z.B. gehächselt gin an als Mulch genotzt gin. Durch dat regelmässeg Schneiden (circa all 3 Joer) entsteht den typėsche Kap, an mat der Zeit entstin Rėss an dénen Käp. Waasser sammelt sėch, op verschidde Plazen fänkt ėt un ze faulen an ėt entstin Höhlen an Lächer. Dėst sin ideal Plazen fir Behausungen an Stopen fir z.B. Flantermaus an Steekauz. Mir hun an eiser Gemeng een Kapweide-Kadaster gemet an dobei op 30 Plazen bal 200 Kapweiden gezillt. Mär wėllen dės Kapweiden an der Rei halen an Zesummenaarbecht mat eiser Gemeng an der SICONA.(Fotoen) |
| SCHLEIEREIL |
Durch Ofrappe vun ale Gebeilėchketen huet dėsen nuetsaktive Vull ėt well ėmmer méi schwéier fir geegend Nistplazen ze fannen. Dofir wėlle mär eng Rei Nistköschten an der Gemeng ophänken respektiv déi an der Rei halen, déi schons existéieren. An der Gemeng hu mär eng knapp 10 Brutplazen respektiv Eileköschten (Scheieren, déi leider ėmmer méi rar gin, Kirchtirm an bei privat Leit) registréiert. Dės Plazen gėlt ėt ze iwwerwachen an d'Köschten mussen och an der Rei gehale gin.(Fotoen) Leit déi eventuel Brutplazen vun der Schleiereil an eiser Gemeng wėssen, sollen sėch w.e.g. bei eis mellen. |
| NISTKÖSCHTEN |
Verschidden Equippen vun eis kėmmeren sėch och ėm Nistköschten. |
| Hecken |
Ėt ass unėmstriden dat Hecken an eiser Landschaft eng wichteg Rol fir Flora a Fauna spillen. Dofir wėlle mär hei och keen groussen Exposé driwwer halen.
An Zesummenaarbecht mam Mouvement Ecologique, der Gemeng, de Scouten an de Schoulklassen vun Eilerėng hate mier dofir dėst Joer eng grouss Heckeplanzaktioun (1400 einheimesch Hecken, 20 Birebeem an 6 Nėsserten).(Fotoen) |
| STEEKAUZ |
Dės Eil ass praktesch ganz bei eis verschwonnen. An 14 Gemengen aus dem Südwesten vun eisem Land konnte jhust nach 4 Koppelen nogewiese gin. Dobei ass ze bemierken dat dėse Rėckgang vun de bréiende Steekauzen besonnesch an dénen leschten 10 Joer frappant ass. Dofir huet eis Gemeng dezidéiert, an Zesummenaarbecht mat der SICONA, eppes fir de Steekauz ze machen. Nach am Joer 2000 sollen eng etlėch Steekauzköschten an eiser Gemeng opgehange gin. |
| FLANTERMAUS |
Ihr verstopte Liewensweis an der Nopeschschaft vu Menschen hun hinnen e schlechte Ruf abrucht. Awer mat engem besseren Wėssen iwwert Flantermeis üben dės Déieren eng grouss Faszinatioun op ėmmer méi Mėnschen aus. Ieren Liewensraum ass awer ėmmer méi gefährdet, sou dat bal all eis heemesch Flantermauszorten rar gi sin.
Déi wichtėst Gefährdungsursachen sin folgend : Zerstéierung an Verschléissen vu Quartéieren, Nahrungs- an Liewensraummangel, Insektizider an Holzschutzmėttel, Höhlentourismus an direkt Verfolgung. Een aktive Beitrag zum Schutz vun de Flantermeis ka jidderen selwer leschten, an dems : de Goart an Emgéigend naturno ugeluet gin, al Beem an doudegt Holz erhale gin, op gėfteg Planzen- souwéi Holzschutzmėttele verzicht gėt an Dachreim fir Flantermeis erėm zougänglėch gemet gin. An eisem Land gin ėt nach 19 verschidden Zorten, denen ėt gėlt nei/al Liewensreim ze schafen respektik ze schützen, an mär werden eist, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an aneren Organisatiounen, dozou beidroen.
(Link 1)
(Link 2) |
| ĖMWELTKOMMISSIOUN |
Mär hun eng Vertriederin an der Ėmweltkommissioun. |
| MENUNG |
Eise Standpunkt hu mär schons (an mär hoffen och an der Zukunft) vertrueden an diverse Sitzungen mat Leit aus dem Schėfferod, dem Ministär, "bureaux d'études" an verschidden Organisatiounen. |