Lėtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga |
|
|
|
fėnd de Wee |
|
|
|
|
fir der Natur |
|
|
| |
ze hėllefen |
|
|
| | |
...fan Dier |
|
| | | |
de Wee |
| | |
zur Lėtzebuerger
Natur a- Vulleschutzliga |
LNVL schaft seit iwwer 70 Joer aktiv am Natur- a Vulleschutz.
Si ass opgedélt an iwwer 30 Lokalsektiounen mat circa 14000 Memberen.
Si ass déi gréisst unofhängeg Naturschutzorganisatioun vu Lėtzebuerg.
Mär brėngen eis Menung an :
- bei Froen zum Natur- a Vulleschutz
- am Bereich vun der Landwirtschaft an der Forstwirtschaft
- bei aktuelle Froen vun der Landesplanung
- an diversen kommunalen an nationalen Gremien
- bei Froen vun der nohalteger Entwėcklung
LNVL setzt sėch an fir :
- d'Erhale vun eise Landschaften
- de Schutz vu bedrohten Déieren an Planzenzorten
- eng naturno Landwirtschaft
Eng Memberschaft bid Iech :
- 4 x am Joer d'Zaitschrėft REGULUS
- 6-8 x am Joer d'Informatiounsblad REGULUS-INFO
- aktif Matschaffen un Naturschutzprojeen
- Exkursiounen an Virträg vu Fachleit
- Weiderbildung am Natur- a Vulleschutz
Wann mär Iech elo iwwerzegt hun, kėnnt Dier gäre Member bei eis gin, an dems dat Dier een Formulär-Member ausfėlt. Falls Dier eis awer jhust an eiser Sektioun durch aktiv Matschaffen um Terrain ėnnerstėtze wėllt, fėlt w.e.g. de Formulär-Hėllef aus. Merci!