Mir stellen eis vir.

D’Aktivitéite vun den Foulards Blancs leien an der Betreiung vu Kranken a Behënnerten zu Lourdes, an am perséinleche Kontakt mat hinnen duerch Krankenbesich, perséinlech Gespréicher, zesummen sech amëséieren an akafen goen, dat ganzt Joer iwwer heiheem. Mir ënnerscheeden eis zu anere Guide a Scouts Gruppen andeem eis Memberen iwwer 17 Joer all sin an dat mer keng Branchenopdeelung hunn. E Komitee ersetzt de Grupperôt.

Eis Aktivitéiten:

Pilgerrees op Lourdes
Tramp
Krankenbesich
Pilgerfaart op Banneux
Schueberfouer
Akafen goen
Perséinlech Gespréicher
Fir Member an den Foulards Blancs ze ginn, muss en minimum 17 Joer hunn. No 3 Joer Dëngscht zu Lourdes as een Aspirant a kann den wäissen Foulards droen. No weideren 2 Joer get een Titulaire a kritt den wäissen Foulards mat dem bloen Monogramm N.D.L (Notre-Dame de Lourdes).

D’Foulards Blancs sin eng international Organisatioun, déi zou Lëtzebuerg zou den ‘Lëtzbuerger Guiden a Scouten’ gehéiert. Momentan huet den Clan 80 Memberen.