|
|
DT Frënn Bartréng |
|
||
|
Brochure du 35e anniversaire |
|
|||
Dësch Tennis Frënn Bartréng 1961-1996
La brochure du 35e anniversaire
et le
Préfaces:
|
Président du DTFBartreng |
|
|
|
Ministre de l’Education Physique et des Sports |
|
|
|
Président de la FLTT |
|
|
|
Député-Maire de Bertrange |
|
Tischtennis: Was macht eigentlich diese Sportart aus?
35 Joër Dësch-Tennis Frënn Bartréng !
Den offizielle Grënnongsdag vun eisem Bartrénger Dësch-Tennis-Veräin as den 22. November 1961. Et gouf direkt schéin ugerappt, och wann d'Spill- an Trainingsméiglechkeete vun deemools nët mat deene vun haut ze vergläiche sin. Et ware ganz einfach aner Zäiten, an och déi aner Bartrénger Sportveräiner (zum Beispill de Basket!) kënnen e Liddchen hei vu sangen.
Dat éischt Championnat, wou déi Bartrénger aktiv gehollef hun, war d'Joër 1962/63. De Präsident vun haut - an och de Sekretär - waren zu deem Zäitponkt nach nët emol gebuer. Zwou Saisoën noeneen as déi éischt (vun zwou) Equipen gestigen. Déi 2. Divisoun huet sech dun awer als e bësschen ze stark erwisen, mä nom Ofstig as direkt erëm en Opstig komm, mat engem Bezierksmeeschtertitel an dem Titel vun der drëtter Divisoun. Wie waren dann déi véier Kämpfer vun deemools? Mä de Schammo O., de Krecké P., de Lamesch N. an den Theisen J., fir se nët ze nennen.
1968/69 war Bartréng 1 fir d'éischt an der 1. Divisioun. Leider hun no där Saison véier vun deene beschte Spiller opgehalen, an d’'Folge sin nët äusbliwwen: 1970/71 war Bartréng nees drëttklasseg. 1975 as Bartréng 1 an déi 2. Divisoun komm, Bartréng 2 an déi 3., während Bartréng 3 a Bartréng 4 an der mëttlerweil geschafener 5. Divisoun évoluéiert hun.
De Bartrénger Dëschtennis hat ët ëmmer schwéier, aus dem Schied vun aneren, sougenannten Traditounsveräiner, wéi d'Sparta oder de Foussball, eräuszetrieden. Nieft de bekannte Sallproblemer war - an as ët och nach haut esou - datt de 'Ping-Pong' dacks nët eescht geholl gët. Et as natiirlech nët ganz einfach, a scho guer nët am Ufank, dee klengen, wäisse Bällche richteg ze treffen. Dëst wëllt awer nët soen, datt all Dëlpes vum selwe mam Fouss an de Gol oder mat der Hand an de Kierfchen treffe kann.
Eng ganz Well vun Kanner an Jugendleche sin an der Mëtt vun de siwwenzëger Joëren zu den Dësch-Tennis Frënn gestouss. An der Saison 1974/75 huet fir d'éischt eng Scolaires-Equipe beim Championnat matgespillt. Zwee Joër duerno war dës Equipe schons an der 1. Divisioun.
D'Youngsters vun deemools hu geheescht: Germain Martin (de Jimmy as haut esou bekannt wéi ni, awer nët wéinst dem Ping-Pong), Gilles Schetgen (de Gilles as leider op eng ganz tragesch Art a Weis 1987 ëm d'Liewen komm, nët emol eng Woch nodeem hien hannert dem Auteur vun dësen Zeilen den zweeten op der interner Klubmeeschterschaft gi war), Georges Lamesch (de Georges probéiert sech schon zanter Joëren als erfollegräiche Squash-Spiller) a Paolo Allegrezza (de Paolo as ee vun deene raren, déi och nach haut aktiv dobäi sin).
An der Saison 1976/77 huet Bartréng 1 an der 1. Divisoun gespillt, mat engem Duerchschnëttsalter vun nëmme 16 Joer. 1978 huet déi selwecht Equipe an der National-divisoun vun der Jugend gespillt, an esouguer d’Halleffinal vun der 'Coupe des Jeunes' erreecht.
Am Ufank vun den achtzeger Joëren huet den Dësch-Tennis, wat séng Jugendpolitik ugaangen as, e bëssche méi lues getrëppelt. De Konkurrenzdrock vun deenen anere Veräiner war einfach ze grouss (Bartréng huet dee Moment och nach e Volleyballsklub kritt, dee ganz staark expandéiert huet). E chronesche Probleem war och dee vum Spillsall, t'muss ee wëssen, datt de Ping-Pong déi éischt Joëren - wéi esou vill aner Ping-Pongs-Veräiner och - op enger Keelebunn 'végétéiert' huet. Duerno si mir dann an de Keller vun der aler Regionalschoul komm, wou mir laang Joëren doheem waren. De sougenannte Pianossall an och den Turnsall stungen zu eiser voller Verfügung. Leider war de Plafong zimlech niddereg. Aua!
E Mann, dee während dëse Joëren eng ganz äusgezeechent Aarbecht geleescht huet, sief et als Spiller, als Trainer, als Organisator a ganz besonnesch als Sekretär, dat war de Jos Debra. Ouni den onermiddlechen Asaz vum Jos hätt de Veräin secher nach wäit méi Schwiregkeete gehat, a mir hätten vill interessant an léierräich Stagen nët erlieft.
Dësen 'Historique' wir natiirlech nët komplett ouni eng kuerz Opzielong vun eisen Traineren, a besonnesch eise Jugendtraineren. Laang Joëren as Bartréng ouni Trainer äuskomm. Äus den siwwenzëger Joëren muss ee ganz besonnesch - och wa si deelweis nëmmen e kuerzen Optrëtt zu Bartréng haten - de Fränz Klein an de Marcel Scheibel ernimmen.
Duerno konnt de Claude Risch fir eng kuerz Zäit engagéiert gin, an dun hun d'Bartrénger Dësch-Tennis Frënn sech mam Jos Debra als Trainer iwwer Waasser gehal . Vun 1987 bis 1989 hate mir als Spillertrainer de Reinhard Kern, dee ganz gutt Aarbecht geleescht huet. Hien as 1989 - fir ee Joër - vum Här Zacharias, engem fréieren israeleschen Nationaltrainer ersat gin. Zanter 1990 ziele mir elo op den onermiddlechen Asaz vum Jupp Feltgen. Hien huet ganz besonnesch no der formidabler 'Porte Ouverte', déi am Kader vun de Feierlechkeeten zum 30. Anniversaire organiséiert gi war, gewisen, wat hie kann. Wann de Jupp nët wir, hätte mir haut nët déi äusgezeechent Altersstruktur, wéi mir se haut hun.
Zanter dem Ufank vun den 90er Joëre spillt den Dësch-Tennis all Joër mat 8 bis 10 Equipen an deene verschiddene Championnater vun der FLTT mat: véier oder fënnef Equipe bei de Senioren, déi aner bei der Jugend, de Scolaires oder souguer de Minimes. Déi éischt Equipe as erëm um wibbelen, fir an t'éischt Divisioun ze kommen, an och am Jugendberäich kënne mir eis nët bekloen.
Spiller wéi de Fränk an de Patrick Grotz, mä och de Claude Rauchs, de Claude Hornick an de Claude Thomé hu sech dacks op Tournoiën äusgezeechent kënne plazéieren. An och eng Spillerin wéi d’Antonietta Gaggiano, déi haut nët méi zu Bartréng spillt a wunnt, bleift a gudder Erënnerong.
Och op internationalem Plang huet eise Veräin ni geschlof. Hei e puer interessant a wichteg Eckdaaten:
Och eise 35. Anniversaire steet erëm ënnert dem Zeeche vun Oppenheet, Multikulturalitéit an internationalem Flair. Den 12. Oktober 1996 leeft eng 'Fiesta Brasil', an am Mee 1997 wärte mir déi fënneft Editioun vum 'Tournoi de la Grande Région' wiirdeg feieren.
Ad multos annos, DTFB!