Logo Club Senior

 

 

 

Club Senior Prënzebierg

Sonneblummen

Ausstellung: Lëtzebuerger am éischte Weltkrich, Dënschdes, den 30. Mee 2017 um 11 :00 Auer - Départ um 10:30 Auer beim Club 

Léif Memberen, Léif Frënn,

En Treffpunkt am Club
De Club Senior Prënzebierg charakteriséiert sech duerch d’Organisatioun vu ville
verschiddenen Aktivitéite fir eis Senioren. Dëst geet vun einfachen Ausflich zu sportleschen
Aktivitéiten, wéi och artistesch Kuren an och d’Participatioun u soziale Projet’en.

Et gëtt keen Zweiwel an eisen Aen, datt dës Aktivitéiten, zum Succès vun eisem Club Senior bäidroen.
Allerdéngs wier et schued ze vergiessen, wat déi eigentlech Iddi vun engem Club Senior war.
De Club ass virun allem en Treffpunkt fir all déi wou méi wéi fofzeg Joer hunn.
D’Aktivitéite sinn e weidere Plus.

Mä där kënnt gären bei eis kommen, eng Taass Kaffi drénken, e Stéck Kuch iessen
an eng flott Zäit mat anere Leit verbréngen, ouni onbedéngt mussen eppes matzemaachen.

Mer vergläichen de Club Senior mam Jugendhaus. Natierlech sinn et net déi selwecht Leit
- och wann ee mat fofzeg nach ganz jonk ass - mä den Zweck ass ähnlech:
D’Leit fannen sech zesumme fir eng gutt Zäit mateneen ze hunn.
Schlussendlech, egal a wéi engem Alter, soll een net eleng sinn.
Kommt iech selwer iwwerzeegen, mer waarden op iech.


Chers amis francophones

Une maison de rencontre et d’échange
Le Club Senior Prënzebierg se caractérise par l’organisation d’activités d’une grande
variété pour les séniors.
Elles vont des simples excursions à des cours sportifs en passant
par des formations artistiques ou la participation à des projets sociaux.

 Il ne fait aucun doute à nos yeux que ces activités contribuent au succès de notre Club Senior.
Cependant, il serait dommage d’en oublier ce qui se trouve à la base d’un Club Senior.

Le Club est avant tout un formidable lieu de rencontre pour tous ceux qui ont plus de
cinquante ans. Les activités constituent un complément. Mais vous pouvez très bien
venir chez nous, boire un café, manger une tranche de gâteau et passer un moment
convivial avec d’autres personnes sans devoir nécessairement participer à autre chose.

Nous comparons le Club Senior à une maison des jeunes. Bien sûr, les personnes visées
ne sont pas les mêmes – même si l’on est encore très jeune à cinquante ans –, mais la
finalité est similaire: rencontrer des gens et passer un bon moment ensemble.
Finalement, quel que soit votre âge, la solitude ne doit pas être une fatalité. Venezvous
en rendre compte par vous-mêmes. Nous vous attendons.

 


Roberto Traversini                  Lynn Elvinger
President vun der a.s.b.l.            Responsabel vum Club