Eis Chorale
D'Chorale Ste-Cécile gouf gegrënnt am Joer 1929 als Männerchouer, fir am Joer 1965 ee gemëschte Chouer ze ginn. Deemools huet nach eng Chorale fir jonk Meedercher bestan, a wéi déi 1965 opgehal huet, as si an de Männerchouer integréiert ginn. Dat Joër hat de Veräin 55 aktiv Memberen. Dës Zuel war 1997 op 35 erofgefall, an as elo nees op 42 geklomm. Als Dirigenten hunn ënner aneren hei gewierkt: den Här Schmidt Gustave (1958-1979), den Här Schumacher Jean (1979-1987), den Här Reitz Francis (1987-1997), den Här Camy Marc (1997-1999), den Här Thill Jean (1999-2002), d'Madame Sylvie Serra-Jacobs (2002-2005), d'Madame Danielle Kohll (2005-2012), den Här Thomas Raoult (2012-2014)
An der Persoun vum Här Jhang WAGNER
huet d’Chorale vum September 2014 un en neien
Dirigent. 
D’Chorale trëtt esouwuel kierchlech
wéi och weltlech op. De kulturellen Impakt as ganz bedeitend, doduerch, dass
d'Chorale Concerten opféiert, souwuel weltlech wéi och geeschtlecht, doduerch,
dass si all Joer Theater spillt, an dat schonn zënter iwwer 30 Joer, an awer
och doduerch, dass si ëmmer derbäi as bei offizielle Fester a Manifestatiounen.
Eis
Prouwe sinn am Prinzip Donneschdes vun 20:00 bis 22:00 Auer !
Och dir sit häerzlech invitéiert. Umelle kënn dir iech ëmmer während der Prouf !
Am Joer 1993 huet d’Chorale och ee Kannerchouer gegrënnt, deem seng Memberszuel zënterhier tëschent 18 a 45 Kanner variéiert huet. An dëser Saison sinn 43 Kanner ageschriwwen. Dëse Chouer hat scho vill Optrëtter, souwuel zu Stroossen wéi och auswäerts.
Éierepresident: Roger Klopp
Éierevizepresident: Johny Duschinger
Presidentin: Josette Majerus
Vizepresidentin: Margot Glesener
Sekretärin: Yvette Sprunck
Caissier: Fränki Blaeser
Memberen: Gleis François. / Hertges Emilie / Leclerc Annette /
Leclerc Jos / Maier Josée / Neu Lex /
Goerens Paul (Paschtouer)
