Cor
De Cor ass een vun den
eelsten Instrumenter aus dem modernen Orchester.
Seng Form erënnert
un een "Horn" vun engem Déier wouran primitive Jé'er gebloosen
hun; deen Toun konnt
ouni weideres e puer Kilometer iwwerwannen.
D'Instrument huet ziemlech
schnell seng "animalesch" Wuerzelen verluer,
an gouf aus Metall ugefärdegt
an matt enger Mondspëtzt versinn.
Verschidden Exemplairen
vun dësen Instrumenter (aus Bronze) datéieren op
+/- 600 Joer virun Christus.
Dësen Virleefer
vum Cor ass gebräucht gin fir um Schlachtfeld den Feind anzeschüchteren
an fir den eegenen Zaldoten
Signaler ze senden.
Hieren Klang waar deemno
ganz agressif an wéinëg nuancéiert.
'Réicht am Ufank
vum 19. Jahrhonnert huet den Heinrich Stölzel
den "chromatischen" Cor
erfonnt.
Mëttels sengen Piston'en
konnt een well Melodien am Hallef-Toun-Intervalle spillen.
An der Mëtt vum 19.
Jahrhonner huet den Fritz Kruspe den "Double-Cor" gebaut, an domatt kruut
dëst Instrument seng definitive, hautbekannten Form.