Klarinett
Ganz freih Firlefer vun
der Klarinett gouf et schon am 12. Joerhonnert an
Islameschen an Asiateschen
Laenner.
Dei eischt richtech Klarinett,
bei der en einfacht Bliedchen op engem Bec setzt,
gouf 1700 vum Joseph
Denner vun Nuernberg erfonnt.
Den Schallerzeuger, den
Bec, war eng Neientwecklung genau wei dei 'Oktavklapp' dei an Wirklechkeet
eng Douziemesklapp (= 1 Oktav an eng Quint), an dofir kann en soen dass
d'Klarinett erfonnt gouf an net just eng Weiderentwecklung ass.
D'Klarinett huet am Geigensaatz
zum Saxophon eng zylindresch Buerung an behellt
sech akustesch wei eng
gedackten Peif, dofir klengt se eng Oktav mei deif wei zB
en Saxophon oder Hautbois
bei selwechter Laengt vum Rouer.
Doduerch ass den Noutenemfang
och zimmlech grouss, eng normal Si-b Klarinett brengt 3 an hallef Oktaven,
eng Bassklarinett souguer 4 Oktaven.
Virun 1800 haten d'Klarinetten
relativ weinech (3..6) Klappen well dei nie
anstaennech dicht gehalen
hun, an dofir war och net all Nout vun der
chromatescher Gamm meiglech.
Mat dem Resultat dass et fir bal all Tounart eng
Klarinett gouf. Et war
mei enfach d'Klarinett ze wiesselen wei sech mat
onmeiglechen Greffer
ze ploen.
Em dei Zeit huet den Theobald
Boehm d'Fluett renoveiert: Laut Theorie klengt eng
Fluett nemmen dann gudd
wann se gleichmaessech an grouss Tounlaecher huet, an
dofir huet hien Renger
rondrem d'Tounlaecher gesat, sou dass den Fanger
gleichzeitech d'Tounlach
zoumachen an eng Mechanik bedingen konnt. Desen
Grondprinzip huet den
Hyacinthe Klosé dann op d'Klarinett
applizeiert. Dei Klarinetten
goufen dun vum A. Buffet, engem bekannten
Instrumentenbauer aus
der Zeit, gebaut. Well den Klose den System 'Boehm"-System
gedeeft huet heescht
en haut nach sou, och wann den Theobald Boehm eigentlech
nemmen d'Iddi geliwwert
huet.
Mat denen Verbesserungen
huet d'Klarinett sech vill mei einfach spillen geloos,
den Klang war mei reng
and se huet besser gestemmt, an virun allem konnt en
reischt domat chromatesch
spillen, also wirklech all Nout errechen.
Eng Klarinett ass en vielseitecht
Instrument, et kann en domat vill verschidden
Museksstiler spillen,
vum Mozart iwwer Benny Goodman bis zum Klezmer-Stil.
D'Etendue vun der Si-b
Klarinett ass ca. 3,6 Oktaven. (146,8 bis 1860 Hz)