Historique du Club et statistiques

Quelques chiffres concernant les membres du club et leurs voitures:

et l'histoire de notre club: "dem Milly seng Story"

… wéi eise Club gebuer gouf

"Wéi ech 1977 mein A310 beim Cito bestallt hun, wär ech nie ob d'Idee komm, dat am Internet-Zäitalter een Alpine Club zou Lėtzebuerg zanter baal 20 Joer ging bestoen" Eigentlech wollt ech deemols jo eng A110 hun, mee bis dat ech a mengen jonken Joeren genug Suen zesummen hat, ass den Honnerzing net méi gebaut gin!

Bei Auto-Sud's hued de Raoul zoufälleg eng vun denen éischten Exemplaren vun der "Alpine Post" gesinn, an do dran war eng Info vun engem A-Treffen um Bodensee vum deemolegen Schweizer Club. Mir fueren begeeschtert dohin, an bei der Gelegenheet beim Alpine's Owend ob engem Scheff hun mir de Manfred Gantenbrink kennen geleert. Am ganz spéiden Owend war d'Sach perfekt, een internationalt A-Treffen, dat eischt, an zou Lėtzebuerg war d'Resultat vun derer Tour.

1983 ass dat eischt Konzept gemach gin, an Päschten 1985 war et dun esou weit, just dem Popst sein Besuch zou Lėtzebuerg hat eis bal drėm bruecht, well an der Staat um Glacis, niewt dem Popst sengem Altoer, sollt een Alpine's A mat lauter Alpinen (ca 240) obgestallt gin.

Bei esou vill Pub sin dunn Lėtzebuerger "A"-Fuerer kucken komm, (Looman's Frank, Gerard's Marc, Pauly's Serge asw.) an dorobs hin ass d'Idee gebuer ginn den Alpine Club de Luxembourg ze grėnnen. Mam Jeannot soutzen mir doheem déi éischt Statuten ze präparéieren. Zou Bėschdreff an engem "Keller" soutzen mir mat deenen "Vichtener" zesummen fir de Klub ob d'Been ze kréien. Grėnnungsversammlung war am Juli 1986 ob de Siewenburen an der Staat. De Raoul hued dat ganz gudd verhaalen, well hien war do mam Kapp esou schlemm an eng gliesen Diir gerannt, hien soll Stären gesinn hun…. et mierkt een et nach haut! Een vun den éischten Memberen, an nach haut derbei als Klein's Carlo.

Am September 1986 war dun déi éischt Sortie vun de Lėtzebuerger Alpinen mat rendez-vous am Fėnsterdall.

Et gouffen duerno nach ganz vill flott Alpine's-Treffen mat ganz vill leiwen Memberen, déi awer mat der Zäit ob emol net méi derbei waren, hir Alpine net méi haten.

Haut sin de Raoul an ech ganz frou doriwer, dat de Club nach ėmmer besteet, an dat déi jonk Generatioun d'Releve iwwerholl hued an de Club weider féiert. Mir soen hinnen dofir een ganz groussen Merci".

Milly.