Gare
Kapellen

Et wor am Joer
1929 wou den éischte wichtege Schnellzuch – den „Edelweiss“ Zürich-Bréissel
– zu Kapellen duerch gefuer ass. Et sinn déi international Schnellzich, déi
op der Streck Lëtzebuerg-Bréissel fueren, déi d’Geschicht vun der
Kapellener Gare mat sengen Zich dominéiert hunn. An de 60er Joeren woren et déi
zwee TEE-Zich „Edelweiss“ an „Iris“, déi déi bekannsten Zich woren, déi
hei laanscht gefuer sinn. Während dës Zich an de 60er Joeren nach duerch
Autorailen assuréiert woren, woren et an de 70er Joeren élektresch
Automotricen mat véier Stroumarten, déi déi zwee uewe genannten TEE-Zich
assuréiert hunn.
Lues a lues
ass méi Trafik duerch de Gidderverkéier op der Transitstreck vun Antwerpen
oder Ostende bis an Norditalien op Novara opkomm. De Bummelverkéier wor éischter
secondär, well den éischter duerch méi eeler Material assuréiert gi wor. Mee
et si grad d’Persounenzich, déi hei stall halen. Well d’Streck vu Lëtzebuerg
op Klengbetten déi eenzeg Streck hei am Land ass, déi am Gläichstroum élektrifizéiert
ass, ginn déi meescht Zich duerch belscht Material assuréiert; vun 2001 un
hunn d’Autorailen vun der CFL-Série 2100 eng Rei Leeschtungen iwwerholl. Och
speziell ass et, datt op dëser Streck lénks gefuer gëtt. Deemno fueren op
Gleis 1 d’Zich op Klengbetten an vu Gleis 2 aus kënnt een an d’Stad.
An den 80er
Joeren huet ee Bummelzuch besonnesch afirgestrch. Et wor de „Frittenzuch“ de
kuerz no 12.00 Auer zu Lëtzebuerg a Richtung Klengbetten fort gefuer ass. Kuerz
no Mamer gouf den Zuch op d’Nopeschgleis geleet, well en zu Kapellen vun engem
internationale Schnellzuch iwwerholl gouf. De Bummelzuch huet also op Gleis 2
stall gehalen. Gezun gouf dësen Zuch iwwrejens vun enger Diesellok vun der
CFL-Série 1600. Déi aner Bummelzich op dëser Streck si meeschtens duerch
belsch Automotricen aus der Nokrichszäit assuréiert ginn, déi 1987 verschrott
goufen. Happy wor een wann emol en Zuch aus de 60er Joeren an den Asaz koum. No
der Verlängerung an der Ëmlackéirung vun de belschen Zich vum Typ „Break“
(Série 300), koumen dës Automotricen ugangs der 90er Joeren um Weekend an den
Asaz; wietes sinn déi eeler Modeller gefuer.
|
|
Vun 2002
koumen nei CFL-Zich (Série 2100) op dëser Streck an den Asaz. Just nach
eemol am Dag erliewt een nach ee „Back to the 60ies“. Déi aner Zich
ginn entweder vu bleschen Automotricen Série 300 oder 500 assuréiert. Am Bild
bedingt bei Sonnenënnergang den Autorail 2106 d’Gare vu Kapellen a wäert
gläich op Klengbetten viru fueren. |